Wei kann dat sinn?

Eisen Bouf, 16 Joer, non verbalen Autist gëtt krank, well en den Stress, fir all Dag 3 Stonnen am Bus ze setzen net verkraaft. Doduerch natierlech frei opstoen muss wat fir hien och en Stress-Faktor ass, well hien och Schlofproblemer huet.

Hien versteet dat net an huet ugefaangen gesondheetlech Problemer duerch den Stress ze entwéckelen, mee dat schéngt Jidderengem Egal ze sinn, dat en an engem Joer 7kg wéinst där Situatioun ofgeholl huet an just nach 46kg bei 171cm, weit.

En muss awer zënter 3 Joer an den CTSA op Zéisseng goen, obwuel mir den CDI Waarken virun der Dier hunn. Hien war vun klengen un zu Waarken an der Schoul, Ir Politik gemengt huet “Enfant mat besoin spécifique” ass net gläich “Enfant mat besoin specifique”.

Mir als Elteren diskutéieren di Problematik do schonn zënter Méint mat den deementspriechenden Organer, mee et ass wei géint Wandmillen diskutéieren. Sämtlech Virschléi vun eiser Säit ginn einfach ignoréiert

Ech kréien dann vum CTSA an vum CNI  erklärt dat Waarken net fir dem Scott seng “besonneschen Besoinen gerecht gëtt”.

Fir dat mol Kloer ze stellen, och wann elo net di politesch korrekt Wierder kommen. Den Jong ass Autist mat enger schwéierer geschterscher Behënnerung. Hien kann net Schwätzen an ass ëmmer ob Hëllef ugewisen Elo  wëllen di Leit mir eppes Zielen vun “besonneschen Besoinen net gerecht gëtt”. An sengem Fall ass et egal an wei eng Schoul en geet, well hien soll  Saachen ewéi Kommunikatioun an Social Verhalen Leieren.

An wat huet Kand vun der “besonneschen Besoinen net gerecht gëtt” wann hien krank dovunner gëtt an Dokteren sech schonn suergen maachen. Firwat mussen mir als Elteren, déi hiert Kand besser kennen, sech vun Leit , déi Hien just vum Pabeier aus kennen. doranner eppes soen loossen?

Alles wat mir wëllen ass dat eisen Bouf ob Waarken an den CDI kann goen, wou en an 12min do ass an keen Bus brauch.

  • Wei kann et sinn, dat et wann alles opgedeelt gëtt, keng Infrastrukturen duerch ganz Land virgesinn sinn? Net Jiddereen wunnt an der Stad

  • Wei kann et sinn, dat en Grupp vun Psychologen an Pedagogen, iwwer "besonneschen Besoinen" an dem Fall schwätzen an Gesondheet vum Bouf ignoréieren?

  • Firwat mussen mir als Elteren dann elo iwwerall streiden goen, well Se et net hikréien den Bouf vun engem Gebai an en anert ze setzen?

Schlussendlech sinn mir als Elteren sinn dann elo gezwongen den Bouf aus der Schoul ze huelen an selwer no him ze kucken, well bei all deen Leit null Asiicht ass.

Ech denken dat wäert se dann och arrangéieren, well, aus den Aen aus dem Sënn.

An nach eppes, Inclusioun heescht och flexibel sinn an iwwert den Teller erauskucken. Mir liewen jo och mam Jong an do leiert een schnell. dat et net nëmmen den Plang A gëtt.

En genervten Papp deen sech huet missten Loft maachen

CTSA (Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme)

CDI   (Centre pour le développement intellectuel)

CNI (Commission National D'inclusion)