Nodeems an der Ukrain dausende vun Zaldoten an Zivilisten, ëmkomm sinn oder grausam drangsaléiert goufen, eng Fro un de Putin: sinn no zwielef Méint esou lues all Nazi'en, d'Drogéiert a Faschisten aus der Ukrain ewech radéiert, an ass domadder d'Spezial Operatioun un en Enn komm ? Well dat war dach déi offiziell Ursaach firwat mat schéissen ugefaange gouf.

Oder, ass et elo en hondsgewéinleche Krich, de wéi all Krich doranner besteet, en anert Land ze iwwerfalen, alles kuerz a kleng ze bombardéieren, d'Bevëlkerung ze terroriséieren, ze vergewaltegen an ze ermuerden, fir dono wéi e Pohunn op engem Podest ze stoen an seng heroesch Kämpfer an Zaldoten, an zerrassenen a voller Bluttflecke besuddelten Uniformen, ze begréisse wann déi laanscht paradéieren an hinnen an enger laanger Ried ze deklaméieren datt si fir "Gott und Vaterland" e puer Quadratkilometer frieme Buedem erobert hunn an hir Komeroden dowéinst hiert Liewen hu misse loossen ?

Da wäert an der Usproch och all deenen aus dem Weste Merci gesot gin, déi mat dem Slogan "et ass net mäi Krich", an all den aneren déi net midd goufen no Waffestëllstand ze verlaangen an domadder, den Ugegraffenen Ukrainer mat Bréif, Facebook-Posten a Petitiounen an de Réck gefall sinn.

Éiert et esou wäit ass, ruffen d'Claqueuren: "Dajee dir Ukrainer, ergitt iech dach a schwenkt de wäisse Fändel, soss kommen ärer nach méi heihin als Flüchtling ! A mir hu scho Misär genuch mat eisem Index !

Jean Lichtfous