O Kanner, do mierkt ee wéi d’Zäit vergeet. Séier oder manner séier, dat ass jee nodeems een et kuckt. Heiansdo ass et schonn eng Éiwegkeet wann een un eppes zréck denkt, déi aner kéier mengt ee et wier eréischt Gëschter gewiescht. Jiddefalls alles wat vergaangen ass läit an der Vergaangenheet et ass „aus an eriwwer“, et ass erlaanscht. Awer, et kann ee sech dorun erënneren. Dat heescht, a Gedanken kann een an d’Vergaangenheet reesen, an der Wierklechkeet jo awer net. Genee esou wéi een och net an dat goe kann wat nach soll kommen. Awer denke kann een dat jo schonn, ob et och esou kennt, wéi een dat geduecht huet awer, dat weess am Fong jo keen. Et muss oder et kann ee sech nëmmen eppes virstellen datt et esou komme kann oder och net.

Dat wat ech elo schreiwe, hunn ech schonn eng kéier gesot. Et war vrun engem Joer wéi ech der 89 kritt hat. Dorun erënnere ech mech nach gutt, wéi ech dat geschriwwen hat. „Ech weess awer net ob ech frou oder traureg soll sinn? Frou, dat ech Haut op den Dag, ob ech wëll oder net, 89 Joer al gi sinn oder, traureg dat ech schonn esou al sinn“. Jo, dat war vrun engem Joer. War dat Gëschter oder war et vrun engem Mount oder ville Méint. Jiddefalls war et viru 365 Deeg, dat sinn ech sécher. Ee Gléck, wann et ee Schaltjoer ass, da wier et een Dag méi.

Frou sinn ech, datt d’Natur mer et erlaabt huet datt ech esou al konnt ginn. Oder, ass et duerch déi vill Medikamenter déi ech all Dag eran huele. Dat kann och d’Méiglechkeet sinn!

Traureg sinn ech, well ech weess dat nëmme nach ganz wéineg Jore, mat e bëssi Gléck, eventuell nach vru mer leien. Traureg, well ech spieren dat meng Kraaft ofgeholl huet. Dat ech ufänken, eppes eemol méi ze vergiessen. Jo, dat kënnt och bäi deene Jonken ervir. Datt, wann ech eppes well soen, ech et net direkt erëm fannen, wéi dat Wuert elo heescht. Duerno weess ech et erëm, dat mëscht mech traureg awer, a menger „Täti“ sinn ech trotzdeem nach ferm drop.

Ee Gléck och ...!

Traureg och, dat déi wou mech virdru begleet hunn net méi do sinn, an ech mech elo, eleng fillen.  Oft hu mer et nämlech verpasst, fir déi schéi Momenter déi mer zesumme verbruecht hu, richteg ze genéissen. Wann et dann ze spéit ass, da bedaueren ech et, dass mer eis net déi Zäit geholl hu, fir déi schéi Saache mat deem anere, ze verbréngen. Jo, dann ass et ze spéit. Et kann een dat jo net méi no huelen. An dann hunn ech dat Gefill, dat ech net méi esou vill, oder guer net méi, gebraucht ginn. Dat ech geschount gi vu jidderengem. Wat jo net schlecht gemengt ass. An awer geet dat mer op de Su. Pass op dass de net do driwwer fäls. Hief deng Féiss. Ech weess jo och firwat se dat soen, ech si jo schonn e puer Mol gefall. Jo, ech wëll et net weisen, awer op de Been sinn ech e wéineg wibbeleg, wackeleg a méi schwaach ginn. Dat muss ech akzeptéieren.

Ech si mer awer och bewosst, dass et kee Liewen nom Doud gëtt. Wat ass d’Liewen dann aneschters wéi ee Blat, dat, um Enn vu sengen „Do sinn“ vun uewe vum Bam, erof op de Buedem fält. Et gëtt dann „Kompost“, fir d’Planze, fir dat anert Fréijoer. Wat mat onsem Kierper, wou all Liewen dra fort ass, geschitt, dat ass jo ënnerschiddlech. Déi eng gi vun de Wierm opgefriess, déi aner kommen als Damp, aus dem Kamäin, eraus. Déi sinn, vläicht doduerch, eppes méi no beim Himmel.

An awer, de Gedanken, al ze sinn oder ze ginn, dee péngegt mech net e sëllegen. An, ech ergi mech och net. Ech liewen am ELO, net am deem wat vergaangen ass an, net an deem wat nach komme soll! Ech huelen et, wéi et kënnt, och wann et net méi vill sollt sinn. Wie weess dat da schonn, wat do nach komme kann?

Elo, wou et mer bewosst ass datt ech der 90 hu, a wou ech weess datt nach laang net jiddereen bis dohi kënnt, sinn ech awer frou fir de Wee deen elo hannert mer läit. Wann et och net ëmmer schéi Momenter waren, sou denken ech, wa méiglech, awer nëmmen un déi schéin zréck. Déi aner sinn awer net vergiess, ëmmer si se nach do!

An elo, Yuppi, gesinn ech mech mat Freed op déi Honnert zou goen. Wat hënnert mech dann och dorunner? Elo hunn ech déi Zéng Joer, déi nach bis Honnert Joer feelen, ugefaangen. Jo, ech wäert meng Honnert Joer bestëmmt feieren . . . . wann ech net virdru stierwen?

(Fort mat deene komesche Gedanken ech liewe jo nach, ëmmer a gären).