
Et gëtt eng kleng Idyllesch Stad, nennen mer se dann mol Piep-sur-Piep*.
Et geet den Awunner gutt do.
Dei neisten Uschafung as eng grouss Vëlosbréck die vum Zentrum vun Piep op Piep-lal soll féieren ze fouss oder mam Velo.
Et gesäit een dass dei Haaptsuerg vun den Gemengenelteren as dass Leit sech vun A op B kommen an wann méiglech mat der "zaarter" halt douce mobilititéit.
Et fillt een sech sécher an gebuergen.
An et brauch engem fir Zukunft net baang ze sin wann een elo déi Onmass fun Engagegeierten Bierger an zesummeschléiss vun Bierger op den Sozialen Resaux gesät mat allerlee Hashtags
wei zesummenfirpiep,icicestpiep, oder capitaledelatransition,oder eenpipefireisall,maersinpiep2023.
Soit ech sin och dankbar dass meng Kanner secher an Schoul kommen ze Fouss.
Et gesaït een keng Elterentaxien dei moies um 8 an owes um 16 Trottoire zousetzen oder aner incivilités wei Schulwee zouparken,oder aner geféierlech Fuermanöver
Et as och sou zu Piep duerch di Perfekten organiséierten Verkéierspolitik an dei wéinegen Verkéier duerch Strassen kommen Kanner praktesch ganz einfach iwwert Strooss , an sou wei et am code de la route virgesinn as brauchen se mol praktesch keen Zebra sträifen an kennen an den 30er Zonen déi praktesch virun all Schoul sinn quasi iwwerall iwwert Strooss trëppelen ganz sécher eriwwer.
Dei praktesch Bus arrêts maachen et och ganz iwwersichtlech fir Autosfuerer an keen brauch iwwert den Zebrasträifen ewech iwwerhuelen.
En ganz flotten Outil besteet och bei enger Schoul, déi een kann "Batman -Schoul" nennen (net dass dei Schoulen Superheld brauch , well Gemengelteren sin Superhelden per se) deen weist engem wei lues en duerch Strooss fiirt mam Auto an as ëmmer funktionell .
An och wann et sollt ee Problem gi virun enger Schoul kennt Gemengenfamill direkt op Plaz kucken an et gi direkt Moossnamen ergraff mat engem transparenten Kalenner fun den Moossnamen an den Aktiounen fir Verbesserung vum Mëssel,sollt et ee gi.
*Natirlech gët et dei Idylesch Stad net an wiirklechkeet an dei perfekten Situatioun as och nemmen eng Ilusioun well et an wiirklechkéet natirlech genee de Géigendeel as.