Et ass mir vun Ufangs u kloer, datt déi Petitioun wäert voll aschloen. Trotzdeem wann ech d’ Nimm kucken vun de Leit, déi bis elo do ënnerschreiwen - puer vun hinnen kënnt een selwer - dann geséit een datt sech do zwou Gruppe vun Leit erëm fannen: -          déi Leit déi un wëssen, datt et e vum Mënsch verursaachte Klimawandel gëtt, awer mengen, datt duerch d’ E-Fuels eng praktikabel Léisung virläit, wou een d’ Elektromobilitéit mat hiren tatsächlechen Schwächten dann net braucht;

-          déi Leit déi de Klimawandel net interesséiert, oder als Panikmaacherei hi stëllen, et sech Klimawandel esou erklären, datt e schonn ëmmer ginn ass. An dëse Verbuet en Agrëff an hir perséinlech Fräiheet ass.

Déi zwou Gruppen hunn héchstwarscheinlech eppes gemeinsam, se fuere wéi ech selwer och gären Auto. Sou wéi ech de Petitionär, den Eric Derume, aschätzen gehéiert hien zum 1. Grupp, an hie mécht sech suergen, well hien déi Schwächten vum E-Auto geséit.

Hien schreift, datt d’ Technik nach net ausgeräift ass.

En Elektroauto fiert sech besser wéi iergendeen Verbrenner, esou kann een dat pauschal net gëllen loossen. Do wou et awer stëmmt, et kann ee keng 1.000 km ouni nozelueden op der Autobunn fueren, do ass een frou wann e 400 km packt. Am Wanter sinn déi mol net dran. Esou kënnt een dann bei d’ Lueden, an do ginn et déi gréissten Schwächten. En Jungel vun Tariffer, vun Kaarten, a an der Vakanzenzäit sinn d’ Bornen oft besaat. An den Hoteller wou een dann hofft et kéint een séin Auto lueden, stinn déi selwecht Autoen eng Woch déi Luedestatiounen ze blockéieren. Wann en och privat net lueden kann, dann ass en Elektroauto eng Erausfuerderung, déi vill Leit net wëllen hunn.

Hien schreift, datt E-Mobilitéit nëmmen duerch grousszügeg Subventiounen iwwerliewe kann.

Dat stëmmt net ganz. Richteg awer ass, datt vill Leit doduerch en Elektroauto kafen, an doduerch den Duerchbroch méi séier kënnt. Déi Subventiounen sinn eng Sorte Innovatiounsprämie, déi awer och bei Waasserstoffautoen, an bei E-Fuels néideg wären, also wann ee vun fossillen Brennstoffer fort kënnt sinn se néideg. Eng amerikanesch Mark bréngt jo en Auto eraus wou e vollwertegen Auto ouni Subventiounen ënner 25.000 Euro kaschte wäert, déi Mark ass schonn iwwer 10 Joer dobäi esou datt déi aner Marken nach e bësse brauchen, awer Subventiounen sinn a puer Joer net méi néideg. Géinge mir haut schonn de Präis vum Hydrogen a Brennstoffzellenauto, respektiv vun den E-Fuels bezuelen, wär d’ Elektromobilitéit haut schonn wettbewerbsméisseg wéit fir.

Fir 100 km Auto ze fueren, verbrauch een mam Elektroauto ëm 20 kWh, beim Waasserstoffauto 54 kWh a beim E-Fuelauto 120 kWh. Souguer wann een de Waasserstoff an den E-Fuels an anere Länner géing produzéieren, a bei hinnen déi Saachen (Wandmillen an PV-Anlagen) opriicht déi mir héi net wëllen, ass d’ Elektromobilitéit vill méi bëlleg. Dobäi missten Quantitéiten hiergestallt ginn, dat mol net auszedenken sinn. De Porsche-Siemens Projet misst 5.000 mol entstoen. D’ Wëssenschaft huet dat schonn virun Joren beschriwwen, an E-Fuels wäert just egal wéi just en Nischeprodukt fir ganz deier Autoen bleiwen. Dobäi ginn et aner Secteuren, wou den H2 an d’ E-Fuels tatsächlech gebraucht ginn, wou et keng Alternativ gëtt. Bis op Porsche, eventuell och BMW, huet d’ Autosindustrie, op d’ Elektromobilitéit gesat, a selwer de Verbrennerverbuet gefuerdert. Se wëssen, et entsteet e Mikadoeffekt, den fir d’ Éischt bougéiert huet verluer.

Stelle mir ons mol vir, mir loossen d’ Leit gleewen, se kéinten no 2035 mat engem neien Auto mat E-Fuels fueren, an dann sinn se net an de Quantitéiten do, loosse mer se dann mat fossillen Energien fueren, oder mussen déi dann den Auto stoen loossen? Well mer awer 13 Joer un eppes gegleeft hunn, wat awer net agetrueden ass, hunn mir och d' Elektromobilitéit net no vir bruecht.  Ass et net besser, mir soen haut schonn wou et higeet?

An de leschten Deeg, ass mir an Zesummenhang vum Volker Wissing senger Initiativ en Zitat vum Walter Scheel (1919-2016), béid FDP opgefall : “Es kann nicht die Aufgabe eines Politikers sein, die öffentliche Meinung abzuklopfen und dann das Populäre zu tun. Aufgabe des Politikers ist, das Richtige zu tun und es populär zu machen”.