Et gëtt nëmmen ee "Fairt Fleesch"

Viru knapp véier Méint hunn sech Lëtzebuerger Baueren zesumme gedoe fir den neie Label "D’Fair Fleesch" ze lancéieren.
"Fair fir de Bauer, fair fir d’Béischt", esou heescht et. Op Nofro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen fir e Bilan iwwert d’Déiereschutzgesetz, wat 2018 a Kraaft getrueden ass, ze zéien, äntweren d’Sam Tanson (Déi Gréng) an de Landwirtschaftsminister Claude Haagen (LSAP), dass an deene leschte 5 Joren 13.674 Notzdéieren (Schwäin a Kéi) hu missten ageschléifert ginn. Am Tageblatt gëtt dobäi preziséiert, dass dëst eng Konsequenz vun Déierequälerei ass.
Allerdéngs ass dat net déi éischte Kéier, dass op d'Mësshandlung vun Notzdéieren op Lëtzebuerger Bauerenhäff opmierksam gemaach gëtt. An enger Etüd vun 2017, déi vun der European Food Safety Authority (EFSA) publizéiert gouf, gëtt geschriwwen, dass vu ronn 3600 kontrolléierte Kéi aus dräi Schluechthaiser 192 Kéi schwanger waren. Dorënner goufen der 48 geschluecht déi am drëtten Term vun der Gestioun waren. Dat heescht, dass d’Mamm en entwéckelt Kand am Bauch hat, dat beim Schluechten zousätzlech ëmbruecht huet misse ginn.
Wat leeft also op eise Bauerenhäff schif? Eng Undeitung vum Problem fënnt een am Slogan vum "Faire Fleesch": de Bauer steet op der éischter Platz, an de Rescht ass Marketing. D’Notzdéieren op de Bauerenhäff ginn net maltraitéiert well et dem Bauer gefält, mee si gi maltraitéiert well dat déi eenzeg Aart a Weis ass déi fir de Bauer profitabel ass. D’Wuelbefanne vun den Déiere kascht Suen an dat steet an direkter Konkurrenz géigeniwwer dem Bauer sengen ekonomesche Besoinen.
Trotzdeem ginn et ëmmer rëm Initiativen, déi de Konsumenten e gutt Gewësse verkafe wëllen. Am Joer 2018 huet d’Interessegemeinschaft Vermarktung Lëtzebuerger Biofleesch (IVLB) an Zesummenaarbecht mam Cactus de Label “Bio-Green-Beef” op de Marché bruecht. D’Iddi ass: d'Kéi hunn e gutt Liewen dobaussen op der Wiss, bis dass se zerstéckelt um Teller landen. Allerdéngs huet 2018 eng Etüd vun Harvard gewisen, dass sou Produktiounen net nohalteg sinn. D’Demande fir Fleesch ass sou grouss, dass et net genuch Land gëtt déi enger Produktioun wéi Bio-Green-Beef erlaabt fir der Produktioun nozekommen. Déi eenzeg Produktioun déi der Demande nokomme kann ass eng wou d'Déiere bëlleg mësshandelt ginn.
Wat kënnen d’Bauere maachen? De Bauer ass an enger schwiereger Positioun a brauch Ënnerstëtzung vum Staat fir de Betrib ëmzestellen. En éischte Schratt wier fir d’Subside vum Fleesch a Mëllechproduiten op planzlech Liewensmëttel ëmzesetzen. Dëst wier net nëmmen am Interêt vun den Déieren, mee och vun der Ëmwelt. Gläichzäiteg ass et wichteg, dass d’Baueren ophalen, duerch hier Marketingstrategien a Labelen, dem Konsument e falscht Gewëssen ze verkafen. De Bauer riskéiert nämlech fir d’Vertraue vum Konsument ze verléieren, nodeems falsch Verspriechen duerch Situatiounen, ewéi eng parlamentaresch Fro, entlarvt ginn.
Wat kann ee selwer maachen? Fir der Déierequälerei entgéint ze kommen, kann een d’Demande fir Fleesch senken, andeems een op planzlech alternativen ëmsteigt. Dat eenzegt Fleesch wat fair fir d´Béischt ass, ass Fleesch op planzlecher Basis (vegane Fleeschersatz). Wann een dräi mol den Dag vun Déieren ofhängeg ass, déi eis hiert Liewen hannerloossen, da kéint een aus Respekt emol eng alternativ probéieren. Oft fënnt een se souguer direkt niewent dem Fleeschrayon. Dobäi ass et wichteg, dass een sech enger Saach bewosst ass: mir hunn e Choix, mee d’Déier net.