E klengt Gedicht vun eisem vun eise Lieser

Op dëser Welt gëtt et ee Land
Dat ass fir eppes wuel bekannt
Dat dëst Land vill Radare huet
Dat gëtt awer vu villen net beuecht.

Huet et Geblëtzt, ass et ee Wonner
Sou héiert een jo dach keen Donner
Wat soll dat Geblëtzt dann och elo
Wann et net Donnert, dat ass d'Fro.

Déi eng déi soen d'ass eng Fal
Deenen aner awer ass et egal
300.000 Mol geblëtzt an engem Joer
Gett ze Bedenken, dat ass jo kloer.

Um Enn vum Joer, konnt ee gesinn
Déi Radare sinn eng Geldmaschinn
Wann ouni Donner et huet Geblëtzt
Et goufen der jo vill gepëtzt.

De Minister, et ass jo kee Wonner
Dat Geblëtzt ouni den Donner
Fënnt hien och ganz an der Rei
Well et kommen der nach vill derbäi.

Staffelter, Grouft a Gousselerbierg
Do sinn d'Streckeradaren elo a Betrib
Déi wäerten hire Grolli och maachen
Soss géingen se jo net vill daachen.

Och am Ausland, et ass kee Wonner
Hu se där Blëtzer ouni Donner
Wann s de fiers och do ze séier
Bezil s d'och do, net mat Pleséier.

Firwat fiert dee viru mer esou lues
Et kéint jo och méi séier goen
Hien awer ass een alen Hues
Hie weess wou d'Radare géinge stoen.

Ech iwwerhuelen hien nach ganz séier
Mat vill Wuppes awer net vill Grëtz
Dat gëtt awer zimmlech deier
Well ech gouf schonn erëm geblëtzt.

Wat soll ech da maachen datt dat net méi passéiert
Et ass ganz einfach :
Fuer méi lues a net méi sou séier.