
No dem "Kloertext" op RTL vum 9. März zum Thema "internationale Fraendag" an dem dës Zuel genannt gouf, froen ech mech, ob déi Waardelëscht net huerteg ze behiewen wär, zum Beispill esou.
Déi betraffen Associatiounen gläichen mol hir jeeweileg Waardelëschten of, fir eventuell duebel Aschreiwungen ze eliminéieren. Mee huelen mir un datt et där keng gëtt, a mir sti da nach ëmmer bei 70 Fraen déi dringend doheem missten eraus. Just nach eng Fro, firwat mussen grad si eraus (mat hire Kanner) an net hir männlech Partner ? T'sief.
Gëtt et net am Land, Hotellen déi scho laang eidel stinn, oder Hotelsproprétairen déi hiren Hotel net weider verierft oder verpacht kréien, an déi frou wären wann de Familljeministère hiren Hotel géif iwwerhuelen ? Op eng änlech Aart a Weis villäicht, wéi "Oppent Haus" oder "Agence Immobilière Sociale - AIS" ?
Wann déi Zëmmeren oder zu Studioen ëmgebauten Hotellen tatsächlech zur Verfügung géife stoen, wären déi Associatioune déi momentan Fraenhaiser geréieren averstane och an esou Hotellen d'Fraen ze encadréieren, a wa jo, hätten si dofir genuch Personal ? A géif de Staat dann zBsp d'Ausbildungskäschten an d'Paien vun dem nei anzëstellendem Personal iwwerhuelen ?
Wann dës Iddien scho duerch deklinéiert goufen, wouru louch et dass et net gaange ass, a saït langem vill Fraen op eng sécher Platz musse waarden ? Wann ech hei eppes Neits virschloen, wouru géif et happeren fir et schnell ëmzesetzen ?
Gaby Urbé