
Leiwen Ministère des Transports oder MEN oder wenn och emmer dofir zoustänneg ass.
No langem well ech mol eng keier Meng Meenung zu eppes schreiwen wat mer um Herz Leit.
Ech schreiwen den Text hei an der Hoffnung dass endlech eppes geschitt an verschidden Sachen dat den Tansport vun Kanner mat spezifeschen Besoin’en ungeet. Dei Meescht wou mech kennen wessen dass ech do am Fall sin, an well no langen Waarden mol eppes dozou soen.
Mein Meedchen muss all Daag vun Munneref ofgehol gin fier op Ruedt/Syr an Schoul gefourt ze gin. Nodems dest Joer vum Ministère des Transport eng nei Software ungewendt geet muss ech leider feststellen dass dat iwwerhaapt net funktioneiert. Ech wees net wei oft do Zeiten änneren an dass mer als Elteren et net matgedeelt kreien an heiandsdo do setzen wei Idioten wann op eenmol Moies den Bus um 06h37 do ass obwuel mer Woch firdrun matgedeelt krutten dass den Bus um 07h05 do ass. Da sin 28 Minuten Ennerscheed. Wann et der lo 5 sin do seet een secherlech naicht mee 28 Minuten ass eng Frechheet. An dass leider keen Eenzelfall.
Ech well och präziseieren dass dat NET dem Buschauffeur oder dem Leierpersonal seng Schold ass.
Et geet an dem Fall och dass wann den Bus sou frei do ass heescht et och dass den Bus och ze frei bei der Schoul ass an do dann keen Leierpersonal sou frei do ass fier Kanner an Empfang ze huelen. Dei Zeit ass den Buschauffeur alleng mat den Kanner dei leider och oft onroueg gin an wou eppes gescheihen kann an dann den Buschauffeur net dei neideg Erfahrung oder Ausbildung huet fier den Kanner ze hellefen. Och um wee fier an Schoul kann eppes gescheihen an och Do ass keen do wou den Kanner keint hellefen. Et ass eng Petitioun dozou erauskomm dei leider net genuch Ennerschreften kritt huet. An dat fannen ech traureg. Leit fannen et mei wichteg weien een Auto sie an 10 Joer fueren kennen wei sech em Secherheet vun den Kanner ze Suergen.
Wisou geet do naicht Enerholl leiwen MdT oder MEN oder wen sech soss dremm kemmert.
Mat beschten Greiss