
D'Autoritéite vun der Stad Lëtzebuerg, hunn déi Obdachlos ziele gelooss, eng 190 Persoune sollen et sinn. „Mee, wat soll dee Recensement da bréngen?" froen sech d'Street-Workeren um Terrain. D'Zuele solle villäicht déi eng Bierger berouegen, datt et da dach net esouvill sinn, wéi gemengt, oder déi aner Bierger weider opreegen, datt et esouvill Sans-Abrie ginn an datt séier muss eppes geschéien.
Natierlech virun de Walen. D'Fro déi hei muss gestallt ginn ass déi, wat dat deene betraffene Leit hëlleft, gezielt ze ginn. Nämlech guer a glat näischt, au contraire et gëtt alt erëm mam Fanger op se gewisen a si gi Responsabel gemaach fir d'Verknaschtung an de Vandalismus an der Stad. Dës weideren huet d'Gemeng elo e Reglement geholl, fir d'Heeschen ze verbueden. Dat verstéisst géint nationaalt Gesetz an och géint déi europäesch Direktiv vun 2008 déi „libre ciruculation des personnes" reglementéiert.
Datt et och anescht geet, weist den Documentaire „Croque Monsieur" vum Louis Grobbelaar deen e Samschden de 4. Mäerz op der RTL-Telé gewise gouf.
All verstännege Mënsch versteet, datt d'Obdachlosegkeet e villschichtege Probleem ass, wou vill Mesure mussen anenee gräifen, fir enger betraffener Persoun ze hëllefen. Dës Mesure bedeiten e grouss gefächert Sozialnetz mat professionellen Acteuren an Infrastrukturen. Dat kascht natierlech Geld a politesche Wëllen.
Ëm organiséiert Mendicitéit an Drogendealer muss d'Police sech këmmeren. Hei steet d'Repressioun net zur Debatt. D'Agents municipaux mussen an hirem Aufgabeberäich erweidert ginn, esou datt si géint d'Verknaschtung a Vandalismus kënne repressiv virgoen. All déi aner, an da sinn et der schonn e gutt Stéck manner, musse gehollef kréien, egal aus wat fir engem Grond si an d'Obdachlosegkeet gerutscht sinn. An de Sans-abri ofzerutschen an aus dem Sozialnetz ze falen, ass mat net méi bezuelbare Wunnraum hei an der Stad, net ganz schwéier, oder wéi ass dat soss ze verstoen, datt Leit déi eng Aarbecht hunn, awer musse vun der WAK (Wanteraktioun) profitéieren. Esouguer Famille sinn heivunner betraff.
Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen ass d'Gebot vun der Stonn, an dat zwar elo direkt a net eréischt an e puer Joer. Hei muss Remedur geschaafe ginn, elo mat innovativen Iddien. Eng Erhéijung vun der Grondsteier, vir eidelstoende Wunnraum an Terrainen am Bauperimeter déi brooch leie muss elo kommen. Hei däerf politesch net gezéckt ginn. D'Stad Lëtzebuerg muss déi bürokratesch Hürden, fir innovativ Wunnforme wéi Tiny-Houses oder Wunngemeinschaften esou kleng wéi méiglech halen, fir de Mangel u Wunnengen ze behiewen. Wann e Proprietär säi Bauland un Interessente fir Tiny-Houses wëll verlounen, muss d'Gemeng déi néideg ëffentlech Infrastrukture bereet stellen.
Spéiderhin, kann de Proprietär säin Terrain dann nach ëmmer u seng Kanner oder Enkele verierwen, mee entretemps ass néidege Wunnraum geschaafe ginn. Fir der wuessender Aarmut, och déi vun deene working-poor an der Stad entgéint ze wierken, brauche mer Sozialstrukturen, déi d'Leit op déi fir si virgesinnen Hëllefen opmierksam maachen an hinnen hëllefen hir Dossieren ze konstituéieren. Hei ass weider professionellt Personal néideg an dat kascht. Mee, et ass en Investissement an d'Zukunft a net en einfache Recensement oder eng Repressioun géint Mënschen, déi anerer an hirem Image vun der Stad Lëtzebuerg stéieren.
Marie-Marthe Muller
Lëtzebuerg - Märel