
Der Politik no, stellen Sie den Elteren d’ Crèchen an Maison Relais zur Verfügung fir den Elteren ënnert Äerm ze gräifen. Dovunner ofgesinn dat een Haut gezwongen ass zu Zwee ze Schaffen ( dat ass en Thema wat ech elo net opgräifen well) et geet elo Haaptsächlech em déi sou genannten Strukturen an dënne eis Kanner betreit ginn. Den Sënn an Zweck vun sou enger Strukture ass et d’ Kanner ze betreien, an se an d’ Schoul ze bréngen sichen ze goen an d’ Iessen ze assuréieren wärenddeems Elteren schaffen.
Mä, do ass een Groussen MÄ dat ass awer net esou wéi et funktionéiert!!
Zu menger Erfarung an den Grond firwat ech den Bréif schreiwen.
Ech hunn zwee Kanner, en Jong 3 Joer an en Meedchen 7Joer. Sie sinn allen zwee an enger Betreiung Strukture vun der Gemeng, den Numm well ech elo net ernimmen.
Den Tarif ass méi abordabel wéi an enger Privater Crèche, foyer du jour, an dowéinst rappen sech jo d’ Léit fir kennen hier Kanner an Gemengen Strukturen an ze schreiwen, et muss een Krittären erfëllen, en Entretien mat der Strukturen féieren, eng Attestatioun de Travail eran ginn, vun wéi vill bis wéi vill Auer een schafft etc, wat ech och gutt fannen, Kanner gehéieren net friem betreit wann d’ Elteren kenne fir hier Kanner suergen, den Sënn an Zweck vun deene Strukturen ass jo nach emol Kanner ze betreien fir dat Elteren kenne schaffen an Suen verdéngen fir ze liewen.
Sou wéit sou gutt, ech sinn relativ zefridden mat der Maison Relais an der Crèche, Gruppen sinn flott an Kanner ginn gutt betreit, grad méin Bouf well hien eben bëssi méi Schwieregkeeten huet.
Bis dohinner alles tipptopp mir sinn frou konnten endlech eng Platz do zekréien, bezuelen fir déi zwee Kanner ongeféier 600 Euro manner all Mount wéi an der Privater Crèche an Foyer du jour. Beim Ausrechnen vun den Freeën hunn mir gemierkt, eis geet et gutt den Präis deen mir elo fir Betreiung vun den Kanner bezuelen ass ganz gutt dro Bar, mä eis Kanner ginn eben vun moies 7h00 bis 17h00 an déi Strukture well mir allen zwee 40 Stonnen schaffen.
An do kennt déi Gréisst Absurditéit déi ech jeemools erliewen misst!!
Mir entscheeden dat ech puer Stonnen erof ginn mat der Schaff an domadden Dënsten an Donneschden Nomëtten fräi huelen an eis Kanner dann wéinstens déi Zwee Deeg net bal 10Stonnen friem betreit ginn. Ech froen dat op der Aarbecht un, kréien dat accordéiert, freeën mech super eis dat kennen ze erlaben an schreiwen dann der Strukture eng Mail. Gutt Nouvelle ech hunn meng Aarbechtsstonnen reduzéiert an ab deem Datum (1Mount am viruas) géif ech dann Kanner um 12 Auer sichen kommen. Well all Changement 1 Mount am viraus muss ugefrot ginn.
Äntwert vun der Strukture:
Dat ass jo eng gutt Noriicht fir äer Famill.
Also wei dir dat am Kontrakt kënnt nokucken, hunn mir verschidden “Plage d’ Horairen” an vun 12.00-14.00 ass bei eis Mëttesstonn, wou si sollen an Rou iessen.
Dir kënnt den I.... an A........ ab 14.00 bis 15.00 Auer siche kommen, dat misst dann kee Problem sinn.
Ech konnt dat iergendwou verstoen, also hunn ech net weider diskutéiert...Ech soen also Ok ech kommen Kanner um 14auer sichen.
Ech rennen also vun der Aarbecht Heem, Iessen aleng schnell eppes an ginn dann Kanner sichen.
Fir mäin Meedchen ass dat keen Problem, mee mäin Bouf ass eben nach kleng an mëscht seng Mëttesrascht nom Iessen. Do hunn Sie hien missen waakreg maachen. Wat dozou gefouert huet dat hien dann Krisen gemaach huet nach ze midd war an den ganze Mëtten just nach gekrasch huet wat eisen Nomëtten erschwéiert huet an mir net richteg konnten eppes ënnerhuelen. Do seet Chargé vun der Strukture mir ech sot Iech jo dat gëtt näischt, “dir quäält dat Kand nëmmen andeems dir et um 14h00 sichen kommt”.
No enger Zäit hunn ech dann gesot Ok loosst hien dann schlofen ech kommen hien dann um 15.00 Auer hien sichen an sinn méin Meedchen dann weider um 14.00 Auer sichen gaang, ech hunn méin Meedchen um 14.00 Auer geholl, mir sinn Heem gefuer da war et schonn 14h15, knapp Jackett ausgedoen, an eran komm hunn mir dann rëm missen lass fir um kuerz viru 15.00 Auer méin Bouf ofzehuelen, mir konnten keng Aktivitéit maachen näischt, just Bensinn verrennen an hin an hier rennen. Dat klengt war frustréiert an et huet hat méi gestresst wéi sos eppes, do sot ech Ok dann eben ech kommen Sie allen zwee dann fir 15Auer sichen.
Do hatt ech dann schlussendlech vun dem ganzen Nomëtten 2 Stonnen gewonnen mat den Kanner.
Amplaz vun 17h00 hunn ech se um 15h00 ofgeholl an eng richteg plus value war dat net.
Do hunn ech mir iwwerluet wéi ech dach nëmmen kéint bëssi méi Zäit mat den Kanner kréien, do wollt ech all Dag en wéineg méi frei vun der Aarbecht fort dann kéint ech den klengen um 15h30 ofhuelen an mat him dat grousst um 15h50 an d’ Schoul sichen goen, dann wieren se alt net all Dag bis 17auer an der Crèche. Dat wier jo awer schonn mol eppes.
Mä, dat klappt och net, well ”Plage d’ Horaire” fir Kanner ofzehuelen ass 14h00-15h00 an dono dierf ech méin Kand net méi ofhuelen bis 17auer!!
An schonn erëm den selwechten Problem dann kann ech méin Meedchen um 15h50 an d’ Schoul sichen goen mee méin Bouf dierf ech eréischt um 17h00 ofhuelen.
Do froen ech mech, wei kann dat sinn???
Wann eis Strukture mir erlaabt hätt meng Kanner um 12-12h30 Auer of ze huelen, dann wier ech mat den Kanner Heem gaang hätt kenne mat hinnen zesummen Iessen den klengen fir seng Mëttesrascht leen an, an der tëschent Zäit mat dem Grousst schonn alt seng Hausaufgaben maachen, fir dann wann méin Bouf opsteet direkt kenne mat hinnen an eng Aktivitéit starten.
Ech verstinn den organisatoreschen Hannergrond, mee ech verstinn net dat déi 5min wou ech méin Kand ofhuelen wierklech sollen sou en risegen Steier Faktor sinn!Mä am Géigesätz zu deene 5min steieren, verléieren ech 3 Stonnen vun der Fräizäit déi ech mir geholl hunn fir meng Kanner, fir déi ech manner Salaire kréien, Aarbecht leien loossen an an an....
An dann och wann ech all Dag méi fréi kéint sichen goen, DIERF ech méin Kand awer eréischt um 17auer ofhuelen.
Also sinn mir am Endeffekt GEZWONGEN eis Kanner den ganzen Dag betreien ze loossen, egal wéi mir et dréinen, ech als legalen Elterendeel hunn net ze entscheeden wei vill Zäit ech mat mengem Kand kann verbréngen!!!
Ass dat dann nach normal?
Ass et normal dat ech mir muss soen loossen wéini ech meng Kanner dierf mat Heem huelen oder net?
Ass et normal dat ech mech kann dréinen an kéieren wéi ech well ech net dierf méi Zéit mat mengen Kanner verbréngen well eng Strukture déi do ass fir eis Elteren ënnert Äerm ze gräifen, dat net zouléisst!
Éiss Kanner mussen schonn vill mat maachen, eis Generatioun hat dat Gléck dat mir eng Mam hätten déi Doheem wor an eis versuergt huet, Haut sinn mir sou wéit dat mir MUSSEN zu 2 schaffen goen, an vill Léit hunn leider net mol den LUXUS kenne hallef Tâche ze schaffen, mee wann een awer déi Chance huet, an kéint mat sengen Kanner méi Zéit verbréngen wéi déi 2 Stonnen owes, iessen, duschen, an schlofen leeën, ass et dann net Sadiste dat mir dat verweigert kréien well eng Strukture well “ an aller Rou iessen” an déi 2 Minutten wou een dat Kand eraus schéckt schonn ze vill gefrot sinn?
Bréif vun enger verzweifelt Mam