... well soss gëtt et dech eng deier!

D'Europaparlament huet den 14ten Mäerz mat däitlecher Majoritéit fir streng Reegelen bei der Reform vun der Richtlinne iwwer d'Gesamtenergieeffizienz vu Gebaier (EPBD) gestëmmt. Bis 2030 mussen all Wunnhaiser minimum d'Energieeffizienklass "E" hunn, a bis 2033 suguer minimum "D".

Den Däitschen Immobilienverband (IVD) geet dovun aus, datt an Däitschland vill Een- an Zweefamilljenhaiser vun dëser obligatorescher Sanéierung betraff wären. Zitat: "(...) rund 40 Prozent der 16 Millionen Eigenheime seien kaum saniert und befänden sich jetzt noch in den Energieklassen "G" und "H". D'Fro ass, wéi gesäit et hei am Land aus ?

Kloer, datt den Energieverbrauch an den CO2 Ausstouss solle reduzéiert gi. Do si mer eis (bal) all eens. Ma wéi erreeche mir dat, an zwar sozial gerecht? Wat kascht et a wien muss et bezuelen ?

Déi nei Richtlinn wäert all Besëtzer vun klengen, alen Haiser vill Sue kaschten. Entweder si mussen d'Haus quasi vu Grond op energeetesch sanéieren (wann dat iwwerhaapt technesch méiglech a sënnvoll ass), oder si verkafen et net sanéiert an hunn doduerch e beträchtlechen Verloscht beim Verkafspräis. All Land däerf de sozial Schwaachen beim Sanéieren finanziell ënnert d'Äerm gräifen. Dofir hei en Opruff un d'Regierung an d'Chamber: vergiesst dat net ! A fänkt un mat rechnen éiert dir déi nei Richtlinn ofstëmmt !

Jean Lichtfous