Et ass nees um Wieler eng nei Chamber an nei Gemengeréit ze wielen. Jo et ginn vu Wal zu Wal ëmmer méi, nei Parteien, déi sech an eisem klenge Land dem Wieler stellen. Heescht dat, dass ëmmer méi Awunner, sech net méi mat deenen traditionellen « Vollek’s » Parteien kënnen identifizéieren oder net méi mat deenen hiren Iddien averstan sinn?

Ass et net esou, dass d’Jugend an deenen  eenzelne Parteien, méi Matsproocherecht fuerdert a gären aktiv un der Politik deelhuelen wëllt, heescht gären op enger Lëscht fir gewielt ze gi wären?

Wären hei net déi « erfueren » eeler Politiker déi hir Fotell nët wëllen un déi Jonk ofginn. Eng Petitioun, mat leider wéineg Zoustëmmung op haut, déi den Maximum Alter fir Politiker op 65 Joer fuerdert, schéngt d’Gesellschaft net ze beweegen an ze interesséieren. Fanne Politiker vu 65 Joer a méi sech nach ëmmer als onersetzlech? Kréien déi iwwer 65 järeg Politiker nach alles richteg mat an hu Sie nach alles am Grëff? Kréien déi iwwer 65 järeg den Hals nët voll genuch? Kéinten net grad Sie déi Jonk am Hannergrond guidéieren an ënnerstëtzen?

Ergëtt et ee Sënn, deenen Jonken ee Walrecht mat 16 Joer wëllen ze ginn an hinnen dann z.B. bei de Gemengewalen Kandidaten(innen) vun iwwer 65 Joer proposéiert? Wären d’Gemengewalen net déi richteg Plaz deene Jonken de Wee an d’Politik, an de Gemengerot, ze erméiglechen? Kéinten déi Jonk net grad hei hir gesellschaftlech Problemer fir droen a probéieren Léisungen fir hir Problemer ze fannen, Léisungen déi, wéi mir gesinn hunn, déi iwwer 65 järeg bis haut net geléist kruten a kréien? Kéinten déi Jonk nët grad hei Erfahrung sammelen?

D’Gemengen hunn jo och d’Walrecht, a senger ganzer Form, fir d’Auslänner hei am Land méiglech gemaach, eng gutt Saach?

Wéi gesäit et dann aus, mat deenen Auslänner déi sech bei de Gemengewalen Wiele loossen? Mussen dës lëtzebuergesch schwätzen oder mussen d’Gemengen elo Dolmetscher fir déi eenzel Mammesproochen engagéieren oder geet alles op franséisch oder englesch? Ass et net logesch a wichteg, dass Een, deen sech bei Walen wiele léist Minimum d’Sproch vum Land schätzt, an dësem Fall lëtzebuergesch? Kréien d’Wieler den Alter an d’Nationalitéit vun deenen eenzelnen Kandidaten matgedeelt?

Wéi verréckt ass et, dass ee Kandidat oder Kandidatin, deen (dat) an der Gemeng A wunnt sech kann an der Gemeng B opsetzen a wiele lossen? Gëtt hei net de Geck mat de Gemengen Awunner, de Wieler an eventuellen Kandidaten(innen) aus der Gemeng gemaach déi doduerch keng Méiglechkeet kréien sech opzesetzen? Geet et hei net einfach duer, dass ee Kandidat(in) sech, am gesetzlechen virgeschriwwenen Délai, an där Gemeng wou hien, hat, sech wiele loosse léist, bei engem Awunner umellt an trotzdem net do wunnt? Wou si mir, ass dat nach eng seriös Gemengepolitik? Ass dat net bedrunn um Wieler!