Virun 10 Joer schonn, ass dem David Van Reybrouk säi Buch mam Titel "Tegen verkierzingen" an engem Amsterdamer Verlag erauskomm. Op däitsch iwwersat, mam Titel: "Gegen Wahlen - Warum Abstimmen nicht demokratisch ist" koum et dunn dräi Joer méi spéit, 2016 am Wallenstein Verlag eraus. Den Auteur plaidéiert fir eng Demokratie déi per Lousverfahren, d'Bierger:inne abënnt an domadder eng wierklech Participatioun géif erméiglechen.

A säithier fanne vill Leit all sougenannt nei Forme vu Bedeelegung, besonnesch wann si d'Lousverfahre beinhalten, als Beliewung vun eiser Demokratie. Awer och Politiker:inne déi fäerten et géif hinne virgeworf gin, si géife ganz eleng an engem Elfenbeintuerm d'Land regéieren, begeeschteren sech fir dës Bierger:inne Bedeelegung.

Dës Bierger:inne, déi bis haut, mat Veruechtung op déi Leit erof gekuckt hunn, déi Member an enger Partei oder enger Gewerkschaft waren, sech do aktiv engagéiert hunn, an dat och nach dobausse gesot a bewisen hunn, freeën sech elo op déi sougenannten nei Bedeelegungen.

Si waarde mat Schmäerz drop, datt d'ILRES hinnen urifft, fir datt si am nächsten "Pannel" kéinten dobäi sin, fir dann endlech do all hir Kompetenzen an hir laang gemautschten Iddie kéinten zum Beschte gin. An déi uewe genannte Politiker:inne gin ëss da net midd, si ze luewen, fir hiren Asaz, déi Fräizäit déi si "geaffert" hunn an déi mega super nei Virschléi, déi si abruecht hunn.

"Hei t'ass eng Freed, ewéi et geet ..."

Den Dag dono gin d'bedeelegt Bierger:inne nees schaffen, oder de Gaart gruewen, an d'Nolauschter Politiker:inne sëtzen an där nächster Pannel- oder soss enger Versammlung. Alles nom Motto: t'war awer net schlecht datt een sech mol gesin huet an datt driwwer geschwat gouf.

Wann een sech wëllt bedeelegen, matmaachen, sech abréngen, eppes änneren an ëmrappen, ma da gin et dofir, Veräiner, Kierchen, Gewerkschaften a Parteien.

Allerdéngs, sin do och nach aner Leit, déi eventuell net ëmmer grad déi selwecht Iddi, Meenung oder Argumenter hunn. A wann e sech dann eens gin ass, sief et duerch Konsens oder per Vott, da gëllt et och nach Zäit ze hunn, fir d'Iddi konkret ëm ze setzen.

Oh jo, dat ass net ëmmer einfach, an d'Resultat ass natierlech net onbedéngt dat wat een sech doheem erduecht hat, well et kee Een-Mann oder E-Fra, Club ass, mee vill Leit ronderëm den Dësch sech och mat hirer Meenung ausgedréckt hunn.

Een Ënnerscheed den an d'Ae spréngt: et gouf een net per Zoufallslous gefrot mat ze maachen, mee et huet en dat selwer decidéiert. Et huet ee sech fir eppes "engagéiert" an et gouf een net "engagéiert". Fir d'Resultat steet ee selwer an, mat Gläichgesënnten, an et iwwerléisst een net aneren dës Aufgab.

Et ass eben net esou einfach, wéi just op e Lousëntscheed ze waarden, an dann eventuell am "Pannel" dobäi ze sin an dono soss näischt méi domat ze dinn ze hunn. A fir d'Politiker:inne ass et eben och net esou einfach, wéi just dem "Pannel" no ze lauschteren, aplaz z'iwwerleeë wéi den Engagement an der Partei (Gewerkschaft asw) fir jiddwer Bierger:in a senger/hirer Situatioun kann zougänglech gemaach gin.

Déi sougenannte nei Biergerbedeelegung, mat oder ouni Biergerrot, ass eng fatzeg Beleidegung fir all déi Leit, déi sech säit méi wéi honnert Joer hei am Land agesat hunn an déi, déi sech nach ëmmer asetze fir eppes ze beweegen. Déi dofir hir Fräizäit geaffert an hire Memberbeitrag bezuelt hunn an dann och nach oft dowéinst ugepöbelt goufen. Dat wëssen déi begeeschtert bedeelegt Bierger:inne an Politiker:inne. Déi eng sollen sech schummen, well si sech et esou liicht maachen, an déi aner sollen net all neien Demokratie Gadget nolafen.

Biergerbedeelegung: et gëtt där ni genuch, awer da mat vollem Asaz, wann ech gelift !

Jean Lichtfous

Bridel