Hëllef !!!

Wat si mir gehäit
Mat all deene gescheite Leit,
Well Gescheitheet bedeit
Dass, wién "domm" ass,
Mat der Aarmut freit.
Déng Arbécht déis d'eemol has
Bass de ewell séier lass.
Si gëtt vu Roboter gemaacht,
An de Produzent dovun laacht.
Et laachen och d'Patronsvertriéder:
E Roboter, dee brauch keng Kleeder,
Huet och keng Fra a keng Kanner,
-Den Ënnerhalt ass vill manner-
Gëtt net krank, t'si keng Blanner,
Brauch nëmmen Repraturen,
E puer Deeg, vlaicht Stonnen nuren.
Saï Produzéiren a Flécken
Verlaangt kee mënschlécht Bécken,
T'gëtt gemaach vu Roboterrécken
Dé alles dinn ouns ze zécken.
Ausser de geeniale Geeschter
Si mir all Wiése vu Geschter
Geenie gëtt et der net vill
Ma déi brénge Milliarde Roboter an d'Spill.
P.S. Ass de Mensch vläicht iwwerflësség,
Wéini gëtt hién därs dann iwwerdresség,
Huet hién elo Zäit fir méi "Kultur"?
Do freet een séch nur,
wat dat soll sinn:
Vläicht rennen op ènger Maschinn
Déi, vu Roboter gebaut,
Eis di läscht Freiheet nach klaut,
De Verstand duerch AI ersätzt
Sou dass bei ons blouss
Den Iaaa ....nach blëtzt?