Haut geet et am Automag em dat Gefier dat eis um leschte Wee begleet. De Corbillard. An och hei sëtzt een deemnächst ëmmer méi op Elektromobilitéit.

De Christian Schmit krut deen éischten Elektro-Corbillard hei zu Lëtzebuerg bei de Pompes Funèbres gewisen.

Automag: Tesla Corbillard

Elektromobilitéit mécht virun näischt méi Halt. Och um leschte Wee, dee mir alleguer musse goen. Mir hu Rendezvous mam Thierry Graul. Deen huet sech fir en Tesla decidéiert, an dee koum dëser Deeg zu Lëtzebuerg un.

Deen éischte reng elektresch ugedriwwene Corbillard zu Lëtzebuerg iwwerhaapt, an ee vun 8 därer op Tesla S Basis.

Thierry Graul: "Richteg. Mir hunn ons e puer Gedanke gemaach, fir eppes Innovatives unzebidden. D'Firma Henschke, dat ass déi di e verdreift, a bei Binz International zu Schwäbesch Gmünd gëtt en ëmgebaut. Ech hu mech renmseignéiert, deen éischten dee leeft an der Schwäiz, an deen ass ganz zefridde mat sengem. Dorop hin hu mir decidéiert, dass mir och ee bestellen."

Eemol bestallt housch et dunn awer Gedold hunn, well deen Ëmbau deen hëlt Zäit an Usproch.

Thierry Graul:"Dat dauert an der Reegel 9 Méint, mee d'Resultat léisst sech awer weisen. D'Basis ass en TESLA S an dee gëtt dann zerschnidden an da gëtt e verlängert. Mat original Stécker deelweis vun TESLA. Dat heescht si kréien och d'Pläng genau wou d'Batterien leien an doropshi gëtt da verlängert."

RTL

© Christian Schmit

E 84 Zentimeter laangt Tëschestéck gëtt agesat, den hënneschten Deel gëtt radikal verännert. De Sarg kann elektresch erausgefuer ginn, an et bleift och Plaz fir Kränz a Blummen Arrangementer. Den Daach gëtt zu Schwäbesch Gmünd em 28 Zentimeter ugehuewen.

Fir Accessoiren déi um Kierfecht gebraucht ginn, sinn zwee grouss Gefaacher op all Säit agebaut.

Diskretioun oder Transparenz, béides geet?

Thierry Graul: "Also mir kënnen e verdonkelen, dat elektresch oder glaskloer maachen. Esou wéi d'Leit dat wëllen."

D’Modifikatioune fir de Chauffer a Bäifuerer si marginal. Eng massiv Trennwand fält op, a Carbon Konsolen, Liedersëtzer an den Himmel am Alcantara. Och de risegen Touchscreen bleift. Eng Partie Kameraen hëllefe beim rangéiere vum iwwer 5m80 laange Gefier.

RTL

© Christian Schmit

Den Tesla by Henschke, iwwregens och mat eegenem Logo, bréngt eng 200 Kilo méi op d’Wo wéi de normale Modell S. Autonomie geet awer duer, oder muss ee sech Suerge maachen, net mat Zäit um Begriefnes ze sinn?

Thierry Graul:"De Schwäizer huet säin elo 2 Joer. Eng 380 bis 400km mécht hien domat. Am Wanter manner, mee mir kënnen ouni Weideres praktesch de ganzen Dag fueren wa mir en hei am Land asetzen ouni opzelueden. Do wou et méi problematesch gëtt, mir maachen och ganz vill Rapatriementer a Portugal oder Italien. Do ass et natierlech awer méi komplizéiert fir reng elektresch ze fueren."

Mat 188.000 Euro ass et elo deen deierste bei hinnen um Haff. Mee den Thierry Graul huet de calcul gemaach.

RTL

© Christian Schmit

Thierry Graul:"Jo en ass scho méi deier wéi e klasseschen. Mee mir hunn d'Rechnung gemaach. Mat engem amerikanesche Modell, wéi mir elo haten, wann ech deenen hiren Entretien kucken, d'Bensinnskäschten, da si mir bei ongeféier 6 Joer bis si identesch sinn."

Ouni Schuedstoff-Emissiounen an ouni Dezibel geet et dann elo an Zukunft op di lescht Rees.

Back to the roots souzesoen, well virum motoriséierten Zäitalter haten d’Pompes Funèbres jo d’Päerdskutsch.

Mam Tesla E-Corbillard fält een op. Dat hu mir selwer erlieft op deem kuerzen Trajet fir de Fotoshooting.

RTL

© Christian Schmit