De klengen Jimny hat ageschloe wéi eng Bomm. Aktuell ass dee klengen Offroader nämlech ausverkaf.

Hybrid och bei Suzuki

De Vitara krut lescht Joer ee Facelift, elo steet och eng Mildhybrid-Motorisatioun um Programm, déi och am S-Cross wäert an den Asaz kommen. Mat Hëllef vun engem 48 Volt-Bordnetz an engem zousätzlechen E-Motor sollen d’CO2-Emissioune bis zu 20% erofgoen.