SsangYong huet sech a punkto Design berouegt a bréngt méi gefälleg Autoen op de Marché.

Am Stil vum klenge Brudder

De kompakten SUV Korando start an eng nei Generatioun. Den Design zitéiert de klenge Crossover Tivoli an ass méi gefälleg ginn. Bannenan dominéieren digital Instrumenter an ee groussen Infotainment-Schierm, virun allem gouf awer d’Qualitéit besser.