Smart huet dann elo, wéi ugekënnegt, nach just Elektroautoen an der Gamm.

Opgefrëscht

D’smart-Modeller EQ Fortwo an EQ Forfour goufe fir hir elektresch Zukunft nach emol moderniséiert. Opfälleg sinn déi nei Optik hannen a vir a Form vu Grill a Luuchten, bannena ginn et just dezent Verännerungen wéi eng nei Mëttelkonsol. De Motor bleift bekannt; eng 60 hW E-Maschinn mat 159 km Autonomie (NEFZ).