Mitsubishi hält nach ëmmer um Pickup fest an ersetzt den L200 duerch een neie Modell.

Schaffpäerd

De Pajero gëtt et jo leider net méi, elo musse Amateure vu Päerd an Offroad zum L200 gräifen. Nieft neiem Design goufen d’Talenter op der Strooss an am Terrain verbessert. Dieselmotor an automatesch Boîte si komplett nei, net feelen dierfen och déi obligatoresch Assistenzsystemer.

Gréissere Facelift

De Space Star ass bal net erëm ze erkennen. De Benjamin an der Gamme krut eng komplett nei Optik, bannenan huet Mitsubishi d’Kalitéit verbessert. D’Stilelement an domat d’Markegesiicht “Dynamic Shield” spillt dann och beim fir d’drëtt renovéierten ASX eng Roll. Do dernieft gëtt et nach nei Luuchte, Faarwen a Felgen souwéi e modernen Infotainment.