Mini start dann elo och an der renger Elektromobilitéit

Fir d’éischt zu Lëtzebuerg

Op der grousser Bün vum Autofestival presentéiert Mini als grouss Weltpremière vum Bréisseler Salon deen neie Mini Sidewalk Cabrio. Am Fong ass et awer nëmmen eng spezial Editioun mat exklusive Faarwen, engem aussergewéinleche Stoffdaach-Design an extrae Felgen. Méi revolutionär ass dogéint déi scho laang erwaarten Elektro-Versioun Mini Cooper SE. 184 PS leescht den E-Motor a brauch nëmme 7,3 Sekonnen op 100 – esouvill zur Fuerspaass-Fro. A mat relativ geréngem Stroum-Duuscht sollen 232 km no WLTP mat enger Charge méiglech sinn. Wiem weiderhin awer Bensinn an den Odere fléisst, dee freet sech sécher op deen neie Mini John Cooper Works GP. Mat 306 PS aus engem 2-Liter Turbo ass den Tour vun der Nordschleife an der Rekordzäit vu 7’56” gemaach. De Look ass esou rasant wéi d’Fuerleeschtungen: 5,2 Sekonne bis 100 an een Topspeed vun 265.