McLaren huet et op de Porsche 911 ofgesinn a lancéiert deen neie GT.

Grouss Ambitiounen

Mam GT start McLaren an der Kategorie vun de Gran Turismo. Typesch dofir ass den Design mam verlängerten Hënneschten an de prakteschen Aspekt a Form vun zwou grousse Mallen. Selbstverständlech mat 620 PS och adequat motoriséiert. Eng aner Spëtzt oder einfach de Sportswon fir d’Strooss start mam 620R. Op 350 Exemplairen ass e limitéiert a bitt Rennsporttechnik vum Feinsten. 620 PS hu mat nëmmen 1282 kg ze dinn, alles wat net gebraucht gëtt, gouf ewechgelooss.

Hommage u fréier

Den Elva ass deen neiste Vertrieder an den Ultimate Series an erënnert un Elva Cars aus de 60er Joren. Méi puristesch geet dann och net; 2 Plazen, keen Daach a keng Fënster, Karosserie a Chassis aus Karbon. Do hunn déi 815 PS vum Biturbo-V8 net vill Aarbecht.

Wou ass McLaren dëst Joer?

Den Importateur huet sech och dëst Joer nees fir den Hotel Le Royal als provisoresche Showroom decidéiert.