Mazda revolutionéiert d’Motor-Technik mam Skyactiv X, enger Mëschung aus Diesel a Bensinner.

Mam selwechten neien Häerz

Den neie Mazda 3 hat et lescht Joer fir de Festival net gepackt, elo ass dat kompakt Designerstéck awer do. An d’Mazda-Zeechner hu sech eppes getraut. Genee esou gelongen ass den neie Crossover CX-30 deen sech elo tëscht CX-3 an CX-5 positionéiert. Séng technesch Basis iwwerhëlt hien vum 3 genee wéi och deen neie Skyactiv X-Motor. De Bensinner mat Kompressiounszündung soll esou gutt goe wéi e Bensinner an esou spuersam sinn wéi en Diesel.

Facelift

De Mazda 2 kritt een opteschen an techneschen Update. Visuell ännere Klengegkeeten, technesch kommen nei Assistenzsystemer, en opgefrëschten Infotainment a Motore mat Mëll-Hybrid-Technik.