Um Festival kréie mer e leider net ze gesinn, mee Lotus huet tatsächlech een neie Modell lancéiert!

E Bléck an d’Zukunft

Den Evija weist wou d’Rees higeet. Den neiste Worf vu Lotus ass net nëmme vum Design hir futuristesch mee virun allem ënnert dem Blech e Superlativ. Keen hätt et geduecht, mee den Evija ass 100% elektresch a leescht – unhalen! – 2000 Päerd. A wéi et sech fir eng Mark, déi ëmmer op d’Kiloen uecht ginn huet, gehéiert, ass den neien E-Lotus mat 1680 Kilo dee liichtsten Elektro-Hypercar um Marché.