4 Joer laang war Paus a vill gouf spekuléiert, elo weist LandRover endlech deen neien Defender

E legitimen Ierwen?

Den neien Defender ass op jidde Fall der Etude DC 100 vun 2011 zimmlech trei bliwwen. Ouni dem Retrodesign ze verfalen dominéiere riicht a vertikal Linne déi der Karosserie hire robuste Look ginn. Si dréit sech och elo selwer, den Defender soll am Gelänn awer net enttäuschen.

Nei Basis – nei Méiglechkeeten

Den Discovery Sport iwwerhëlt dann och déi nei Plattform vun der zweeter Evoque-Generatioun a kritt e puer grëndlech Retusche verpasst. Dat selwecht gëllt och fir d’Technik bannenan, spréch Infotainment an Assistenzsystemer. Eng nei Basis mécht och een neien Undriw méiglech, esou kommen als grouss Première um Festival den Discovery Sport genee wéi den Evoque als Plugin Hybrid. D’Kombinatioun aus engem neien Ingenium 3-Zylinder an engem Elektromotor léisst den Evoque esouguer déi strikt Emissiounstester RDE2 packen.