Zenter dem leschte Festival steet bei Jeep haaptsächlech déi nei Hybrid-Motorisatioun am Fokus

Grouss Première

An der Motoregamm vu Renegade a Compass fanne mer elo eng nei Ofkierzung: PHEV. Déi steet bekannterweis fir Plugin-Hybrid an erreecht an deene kompakten Jeep-Modeller eng kombinéiert Motorleeschtung vun 190 bis 240 PS. Emissiounsfräi fuere kann ee bis zu 50 km, dono gëtt via Recuperatioun, mat Hëllef vum Bensinner oder un der Steckdous opgelueden. Den Hybrid-Undriw bréngt béide Modeller anengems den elektreschen Allrad eAWD.