Zënter 2013 ass den F-Type um Marché, elo lancéiert Jaguar e gréissere Facelift

Raffinéiert

Op den éischte Bléck wierkt en nei, den F-Type gouf awer just grëndlech opgefrëscht. D’Silhouette an den Hënneschte kommen engem bekannt vir, d’Nues gouf awer méi schaarf gezeechent. Och ënnert dem Blech huet Jaguar opgerëscht; wärend de Cockpit net ännert sinn d’Instrumenter elo voll digital, d’automatesch Boîte an d’Finitiounen goufe weesentlech verbessert. Fir den XE stoung no 4 Joer och ee grëndleche Facelift um Programm; nieft den üblechen optesche Retouche goufen ënnert anerem d’Matière méi héichwäerteg an den Infotainment op den neiste Stand bruecht.