Den neie Hyundai i10 steet an de Startlächer a feiert Première bei eis.

Première um Festival

Nodeems en am September zu Frankfurt schonn ze gesi war kënnt den neien i10 elo och bei eis. Den Design ass bewosst dynamesch geroden an ass natierlech mam leschte Stand vu Connectivity an Assistenzsystemer.

Alternativ ugedriwwen

Hyundai huet den Ioniq grëndlech iwwerschafft; besonnesch optesch gouf moderniséiert, ënnert dem Blech kritt den Infotainment méi ee grousse Bildschierm an de Chauffeur méi Assistenzsystemer. Bei der reng elektrescher Versioun gouf d’Batteriekapazitéit op 38,3 kWh vergréissert. 311 km sollen elo laut WLTP méiglech sinn. Nei ass no Bensinner, Diesel an Elektro de Kona Hybrid. Hee kombinéiert ee 1600er Bensinner mat engem Elektromotor a kënnt op eng Systemleeschtung vun 141 PS an 265 Nm. Um Festival stellt Hyundai och de Waasserstoffauto Nexo aus. Nach viru kuerzem huet de Fuerscher Bertrand Piccard mam Nexo eng Rekordfahrt ënnerholl a bei sengem Tour och zu Lëtzebuerg e Passage bei eisem Grand-Duc gemaach.