De gréisste Constructeur vu Verbrennungsmotoren presentéiert säin éischten E-Auto

Avant-Première

Ganz einfach Honda e heescht dee klenge kompakten Auto. Nodeems d’Etüd vill Succès hat, bréngt Honda tatsächlech hire klenge Stromer am sympathesche Retro-Design. Bei der Technik gëtt et leider keng Revolutioun; 100 – 113 kW Leeschtung an eng Autonomie vun 220 km – dat kënne vill aner Marken och.

Jazz och erëm als Hybrid

2020 ass d’Joer vun de klengen Autoen; esou gëtt och déi neist Generatioun vum Jazz lancéiert. Den Design gëtt vill méi gefälleg, de Kalitéitsandrock eropgeschrauft an nees een Hybrid-Undriw ugebueden.