Ford huet eng al Modellbezeechnung nees ausgebuddelt.

Direkt 3 nei SUV/Crossover

Och Ford huet den Trend erkannt an huet elo an alle Segmenter ee SUV parat. Neiste Worf ass de Puma – wat virun iwwer 20 Joer ee klenge sportleche Coupé war ass elo een zackege Crossover. Säin athleteschen Design an eng Mall vu 456 Liter grad ewéi en 48V-Bordnetz solle géingt déi staark Konkurrenz bestoe kënnen. Dat ass och dem neie Kuga säi Credo. Den Design gouf vill méi aerodynamesch, eng nei Plattform bréngt manner Gewiicht an d’Méiglechkeet fir een Hybrid-Undriw. 50 km kënn de Plugin-Hybrid reng elektresch fueren. Un d’Spëtzt setzt sech den neien Explorer. Hee bitt virun allem dat wat d’Clienten beim Edge vermësst hunn: 7 Sëtzer. Ausserdeem kënnt dat neit Flaggschëff mat engem Hybrid-Bensinner mat 450 PS.

Nach net dout

De Van ass um Ausstierwen, Ford gëtt dem S-Max an dem Galaxy awer nach eng Chance. Béid 7-Sëtzer kréien e Facelift, bessere Confort souwéi Assistenzsystemer a Multimedia vum neiste Stand. Um Festival ass just den S-Max ze gesinn.