Lescht Joer huet Ferrari vill nei Modeller presentéiert, et packt awer just een et op Lëtzebuerg.

Solo um Festival

Den SF90 markéiert eng nei Era fir Ferrari – an zwar déi vum éischte Plugin-Hybrid-Supercar. Nodeems de LaFerrari 2012 d’Technik teste konnt, klëmmt d’Systemleeschtung am SF 90 iwwert déi magesch 1000 PS-Grenz a markéiert domat e Rekord an der Geschicht vum Cavallino Rampante.

Leider net ze gesinn

2019 gouf vill geschafft; ugefaange mam F8 Tributo an F8 Spider, déi als Evolutioun vum 488 gëllen an de Motor aus dem 488 Pista iwwerhuelen. Mam 812 GTS gëtt nach een op den 812 Superfast dropgesat. De GTS kritt ee festen Daach dee sech no hanne klappe léisst, d’Leeschtung vum V12-Sauger bleift awer bei 800 PS. Ganz einfach Roma nennt Ferrari hiren neiste Worf an ee grousse Schratt a punkto Design a Luxus. D’Haifëschnues, déi minimalistesch Kalander an déi schmuel Luuchte sollen u klassesch GT-Modeller erënneren.