Dee Message ass och bei DS ukomm a gëtt op déi ganz Gamme ugewannt.

Nei Richtung

DS3 Crossback heescht elo den Ierwen vum klenge schnëttegen DS3, deem deemools éischte Modell vun der neier Mark. E baut héich, en huet 5 Dieren an en huet déi charmant kleng optesch Spillereien. An e setzt wéi de grousse Brudder DS7 op Luxus.

Éischte vollelektreschen DS

Dem DS3 Crossback E-tense seng Plattform war vun Ufank un fir E-Undriw konzipéiert. D’Batterie kënne plazspuerend am Buedem ënnerbruecht ginn, den Undriw iwwerhëlt een 100 kW-E-Motor. An DS versprécht eng duerchaus brauchbar Autonomie vun iwwer 300 km. Och de grousse Brudder DS7 Crossback E-tense 4x4 gouf ënner Stroum gesat. Hei allerdéngs an enger Plugin-Hybrid-Versioun mat der Méiglechkeet, 58 km reng elektresch ze fueren. Zwee E-Motoren ginn dofir dem 200 PS-Bensinner zur Hand.