Genee wéi de BX7 kënnt elo och de BX5 vum chinesesche Marché eriwwer an Europa.

Olle Kamelle

Gewise gouf de BX5 scho virun 3 Joer zu Genève um Salon a war fir d’éischt just fir China geduecht. Séng Gréisst entsprécht engem Audi Q3 oder BMW X1 genee wéi och séng Uspréch. Wéi säi grousse Brudder BX7 ziilt de BX5 ganz bewosst op d’Premium-Konkurrenz.