Fans hu schonn dack misse staark sinn, beim neien 1er ass et och nees esou.

Am Stil vun der Konkurrenz

Frontundriw an de Motor queesch – dat bréngt am meeschte Plaz bannenan. A fir dat den neien 1er net schonn erëm der Premium-Konkurrenz a punkto Plaz hannendru leeft, huet BMW alles ëmgestallt. Déi 3. Generatioun soll Fans vum Fuerspaass awer bei der Staang halen; potent Motoren an een dynamescht Fuerwierk sollen och no 15 Joer nach ëmmer beim 1er matspillen.

Grouss Première feiert um Festival de 4-dierege Coupé-Brudder vum 1er, den 2er Gran Coupé. An deen ass elo schonn esou grouss wéi fréier een 3er, versprécht trotz eleganter Silhouette vill Plaz bannenan.

Klassesch Karosserien nach ëmmer en vogue

Esou ass trotz SUV-Hype den 3er Touring nach ëmmer ee wichtege Pilier an der Gamme. No der Limousine lescht Joer ass elo de Kombi um Tour. D’Moosse si gewuess an domat och de Banneraum, eleng d’Mall geet vu 500 bis 1510 Liter. Am Luxussegment net ewechzedenken ass déi klassesch Limousine. De Vertrieder an der Luxusklass, de 7er krut een ausféierleche Facelift an domat leider och deen iwwerdimensionale Grill à la X7.

Premièren zu Lëtzebuerg

Éischten Optrëtt am Lëtzebuerger Showroom hunn direkt zwee M-Modeller. Den M8 Competition Gran Coupé huet net nëmmen ee späregen Numm mee virun allem dee selwechte Motor wéi seng 2-diereg Bridder: ee 4.4 Liter V8 Biturbo mat 625 PS. Eng extrem sportlech Familljekutsch also déi et an 3,3 Sekonnen op 100 a maximal 305 km/Stonn packt. Quasi déi selwecht Maschinn stécht am X6 M. Hei leescht de V8 “nëmmen” 608 PS, mécht dem moppelege SUV via Allrad awer gehéierlech Been a sprint knapp ënner 4 Sekonnen op 100.