No hirem Debut an der renger Elektromobilitéit këmmert Audi sech besonnesch em hir sportlech Modeller.

Rennsport

S an RS heescht bei Audi den Top vun der Gamme an do sinn direkt e ganzt Ruddel lancéiert ginn; ugefaange mam SQ2. Dee klengsten aus der SUV-S-Famill kritt als Highlight den 300 PS-Bensinner aus dem S3, den Design blouf relativ brav. Den RS Q3 duerft dee legendäre 5-Zylinder behalen, allerdéngs elo mat 400 PS. Och dee fonkelneie Q3 Sportback heescht mat méi Peffer RS Q3 Sportback. De Coupé-Hënneschten léisst dee kompakte SUV méi elegant optrieden a soll net zevill prakteschen Notzwäert verléieren. Mee virun am RS-Programm; no deene “brave” Versiounen am leschte Joer ginn dann den RS6 Avant an RS7 Sportback lancéiert. Den Allradundriw Quattro ass jo schonn Traditioun, elo kënnt nach eng Allradsteierung dobäi. Bleiwen dierfen och déi 8 Zylinder a Form vum 4.0 V8 Biturbo mat 600 PS.
Och bei de groussen SUV bléist nees sportleche Wand; de grousse Coupé-SUV Q8 kritt mam SQ8 méi Leeschtung spendéiert. Mat 435 PS an 900 Nm identesch wéi den SQ7, de 4-Liter V8 TDI kann dofir awer elo och recuperéieren. Geet dat nach ëmmer net duer, da kann een mam RS Q8 freien. 600 PS treffen op 2,3 Tonnen, trotzdeem ass de Sprint op 100 an nëmmen 3,8 Sekonne gemaach.

Et geet awer och méi brav

Obwuel dat fir deen neien A1 Citycarver just deels zoutrëfft. Hire klengste Vertrieder gouf am Offroad-Look agekleet an anengems 4 cm méi héich geluecht. Fir de Rescht bleift et awer just beim Look, schliisslech solle richteg Offroad-Fans zum Q2 gräifen.
Last but not least kruten den A4 Limousine, den A4 Avant an den A4 allroad quattro e relativ déifgräifende Facelift verpasst. Sämtlech Blechdeeler sollen nei sinn, bannenan muss den MMI engem Touchscreen Plaz maachen. Grouss Verännerunge komme beim neien S4 an d’Spill; dem Top-A4 säi Bensinner gouf duerch ee V6 TDI mat 347 PS ersat.
Den elegante Brudder A5 gouf als Coupé, Sportback a Cabriolet dann och e bëssen opgefrëscht, wann och manner opwenneg wéi beim A4. E bësse Makeup hannen a vir souwéi en neie Cockpit-Layout mussen duergoen. Dat selwecht gëllt och fir den S5 Coupé, Sportback a Cabrio. Interessanten Detail; wärend Coupé a Sportback de V6 TDI aus dem S4 iwwerhuelen, bleift de Cabrio awer nach beim Bensinner.

Den E-Programm ausgebaut

No’m Lancement vum e-tron um leschte Festival ass et elo dëst Joer un der eleganter Coupé-Versioun e-tron Sportback. De besseren cW-Wäert bréngt esouguer eng vergréissert Autonomie, soss bleift d0Technik identesch.
Net reng elektresch mee mat dëser Hëllef ugedriwwe sinn elo Q5 TFSI e an A7 Sportback TFSI e. Déi zwee nei Plugin Hybriden kombinéieren den 2.0 Turbo-Bensinner mat E-Motor an enger 14,1 kW-Stonne Batterie. Esou si ronn 40 km reng elektrescht Fuere méiglech.