Abarth konzentréiert sech fir dëse Festival op de 500er.

Nei 500er-Editiounen

Mam 695 70o Anniversario gëtt dem Grënner Carlo Abarth säi Gebuertsdag gefeiert. Highlight un der limitéierter Editioun ass ënnert anerem deen neie verstellbaren Heckspoiler. Un d’Wuerzele vun der Mark Abarth erënnert de 595 esseesse, dee sech un de legendäre Tuning-Kits aus de 60er inspiréiert. Jonk Clienten usprieche soll deen neie 595 Pista mat méi Leeschtung, enger neier matter Faarf an neie Sëtzer.