Ofgesinn dovunner dat keng nei Modeller kommen, lafen och d’Rumeuren dat Borgward am Gaang ass deen zweeten Dout ze stierwen.

Hoffnung zu Lëtzebuerg

Bei der eenzeger Concessioun zu Lëtzebuerg gëtt mam neie BX3 gerechent. Fir de Festival ass deen awer sécher net do.

Wéi et soss mat Borgward viru geet, steet och an de Stären. De Sëtz zu Stuttgart schéngt seng Dieren zougemaach ze hunn, den Internetsite gouf fir d’lescht virun zwee Joer aktualiséiert, an der Chef-Etage huet nees alles gewiesselt an den Haaptinvestisseur Foton 69 % vu senge Parte verkaf.