Bei engem Motorradconstructeur wéi KTM kënnt net all Joer en neie Sportswon, et dierf een sech awer geschwënn op deen neie GT2 freeën.

Spaassmaschinn

Gutt Nouvelle sinn ënnerwee; d'Rennversioun X-Bow GT2 kënnt deemnächst och als Stroosseversioun. Eng Rëtsch Tester muss de Prototyp nach iwwert sech ergoe loossen, dann eréischt kann den extrem liichte Supersportswon op de Maart.

Esou laang bleift den X-Bow als eenzegen “Auto” am Programm.