Star vum leschte Joer war den Defender, fir de Festival 2021 gouf de Rescht vun der Gamme opgefrëscht

Alles elektresch

Déi komplett Gamme vu LandRover kann, bis op den Discovery, elo elektresch fueren. Beim “Disco” gouf awer trotzdeem um Look, un de Motoren an un der Technik bannenan gefeilt. Beim klenge Brudder Discovery Sport gouf scho fir de leschte Festival nieft enger neier Generatioun vu Mildhybrid Dieselmotoren an engem neien Top-Bensinner eng Plugin-Hybrid-Motorisatioun mat 55 km elektrescher Autonomie an de Programm geholl. Dee selwechten neien Infotainment-System “Pivi” a “Pivi Pro” ass am Evoque ze kréien. Dee klengsten aus der Gamme gëtt et elo nei an der Luxusversioun Autobiography wärend d’Motorepalett nieft neien Diesel a Bensinner mam opluedbaren Hybrid P300e erweidert gëtt.

Och den Defender gëtt et als PHEV mat 404 PS an nëmme 74 g CO2. Ausserdeem proposéiert LandRover hiren neie Reiesechszylinder-Diesel mat 200, 250 an 300 PS. Dëst neit Aggregat aus der “Ingenium”-Serie equipéiert déi ganz Luxus-Gamm, wéi de Range Rover, entweder als Mild- oder Plugin-Hybrid. Den dynamesche Brudder Range Rover Sport profitéiert natierlech och dovunner; am P400e PHEV ginn 41 elektresch Kilometer an eng Moyenne vun 3,3 Liter versprach. Béid Modeller kommen anengems an neien Editiounen wéi zum Beispill Fifty Edition  HSE Dynamic Black / HSE Dynamic Stealth. Last but not least kritt de Beau Range Rover Velar deen neien Undriff a soll maximal 53 km am E-Modus packen. Ennert dem Blech iwwerhëlt hien deen neien Infotainment-System “Pivi”.