Mitsubishi zitt sech vum europäesche Marché zeréck.

Mam 100. Gebuertsdag gi se hirer Wee

Mitsubishi huet decidéiert fir keng nei Modeller méi fir den europäesche Marché ze entwéckelen. Déi aktuell Stocke goufen nach mat décke Remise verkaf éi dann d’Concessiounen hir Dieren zoumaachen. D’Garantie sollen awer erhale bleiwen, genee wéi d’Versuergung mat Ersatzdeeler fir op d’mannst nach 10 Joer.

Den Importateur fir Lëtzebuerg, Beherman Motors, behält zwar nach d’Distributioun vun de liichte Camionen “Fuso”, baut awer deementspriechend Plazen of. En haarde Kär soll nach fir de Service Après-Vente bestoe bleiwen.