Porsche muss wuel europawäit 22.000 Autoen zeréck ruffen. Dat sot den däitschen Transportminister Alexander Dobrindt en Donneschdeg zu Berlin.

Et wier festgestallt ginn, datt am 3 Liter Diesel vum Modell Cayenne eng illegal Technik verbaut gouf, déi erkenne kann, wann den Auto um Préifstand steet.

Den Dobrindt sot weider, datt et en Zouloossungsverbuet géing ginn, fir datt keng weider betraffen Autoe méi op de Marché kéimen.