Op der Areler Autobunn soll de Covoiturage zu Spëtzestonnen op der Pannespur getest ginn. Sollt dat e Succès sinn, kéint d'Iddi och op anere Plaze kommen.

Nieft de verstoppten Autobunne gehéiert op ville Plazen och eng verstoppte Pannespur zum alldeegleche Bild vum Verkéierschaos. D'Pannespur ass, dem Code de la route no, wéi den Numm et scho seet, fir Panne reservéiert. Den Transportminister schafft awer un engem Pilotprojet, fir déi Spur op der ganzer Areler Autobunn vun der Grenz bis an d'Stad an de Spëtzestonne fir de Covoiturage opzemaachen. De System kéint op aner Plazen ausgebaut ginn. Wann et nämlech op der Areler Autobunn funktionéieren, kann et och anerwäerts funktionéieren, seet de grénge Minister.

AUDIO: Pannespur fir Covoiturage / Reportage Claude Zeimetz

Ier et esou wäit ass, wëll de François Bausch awer fir d'éischt testen, wéi gutt de System tëscht Stengefort an der Stad funktionéiert. Lëtzebuerg wëll sech do de belschen Noperen uschléissen, déi dat selwecht scho méi laang tëscht Arel an der Grenz plangen. D'Pannespur géif awer net einfach sou als drëtt Spur mat bäigeholl ginn. Do gëtt et Konditiounen, déi per Kamera iwwerwaacht ginn: Et muss een op mannst zu 3 am Auto sëtzen. Haaptzil wier et, Leit zu méi an d'Autoen ze kréien, seet de grénge Regierungsmember.

AUDIO: Extrait François Bausch

An déi méi schmuel Pannespur wier och nëmmen zu de Spëtzenzäiten a fir eng reduzéiert Vitesse vu maximal 50 Kilometer an der Stonn accessibel. Den Ament ass een nach um Niveau vun den Analysen. D'Resultater sollen an den nächste Méint virleien.

"Mir hunn op eiser Autobunn, well mer eng aner Configuratioun hunn wéi d'Belsch, vläicht Problemer op eng oder zwou Plazen, wou mer Brécken hunn. Mir mussen elo kucken, ob dat elo machbar ass, respektiv, wéi et machbar ass. De Ponts et Chaussées ass do amgaangen, eng detailléiert Etüd ze maachen. Dat ass eng Grondiddi, déi ee sech duerchaus kéint op aneren Autobunne virstellen."

Wou genee, dozou huet de François Bausch e Mëttwoch nach näischt gesot. Dem Transportminister no misst ee genee oppassen, wat ee mécht, fir d'Leit net a Gefor ze bréngen. De Minister weist Versteesdemech, datt Automobilisten am Stau dacks elo schonn d'Pannespur benotzen.

"Ech kann d'Verzweiwlung vun de Leit verstoen, esou wéi sech de Verkéier entwéckelt huet zu Lëtzebuerg, duerch déi dausenden an dausende vun Aarbechtsplazen, déi mer geschafen hunn, respektiv duerch dee staarke Wuesstem, dee mer hei am Land haten. Dofir soen ech jo och ëmmer, mir mussen eis do eng Kéier doriwwer ënnerhalen. Dofir kann ech awer d'Leit verstoen, an hirer Verzweiwelung. Mä ech mengen awer, datt ee muss oppassen, well et am Moment net legal ass. Et ass jo och e Problem, wann en Accident geschitt."

Duerfir géif jo u legale Léisunge geschafft, déi och enger Pannesituatioun Rechnung droen. Ier d'Pannespur fir de Co-Voiturage opgoe kann, muss d'Gesetz geännert ginn.

"D'Regelen an de Code de la route setzen dann awer och e Strofkatalog, wann d'Leit sech net un d'Regelen halen. Ech mengen awer besonnesch do gëtt et awer wichteg, datt ee sech un d'Regelen hält, soss ass dat vill ze vill geféierlech."

Alles dat misst präzis geregelt ginn. D'Strofe géifen dem Minister no erop goen. Automobilisten, déi sech net un d'Regelen halen, missten domadder rechnen, Punkten um Führerschäin ze verléieren. Et géif hei ëm d’Sécherheet goen.