Um Dënschdeg gouf offiziell matgedeelt, datt d'Vitess op de Franséische Landstroosse vun 90 op 80 Kilometer an der Stonn erofgesat gëtt.

Fir op déi héich Zuel u Verkéiersdoudeger ze reagéieren, gëtt a Frankräich d'Vitess op de Stroossen erof gesat. All Joer 3.500 Verkéiersdoudeger, dat kann net esou bleiwen – mat dëse Wierder huet de franséische Premier Edouard Phillippe en Dënschdeg am fréien Owend nei Dispositiounen am franséischen Code de la Route annoncéiert.

AUDIO: Vitesslimitatiounen a Frankräich / Reportage Frank Elsen

Op de Landstroossen gëtt d'Vitess-Limitatioun vun 90 op just nach 80 Kilometer an der Stonn erof gesat. Dat gëllt vum 1. Juli dëst Joer un. Betraff si ronn 400.000 Kilometer Strooss. Strecken op deenen zwou Spueren an déi zwou Richtungen ginn, si vun dëser Mesure ausgeschloss. Hei gëllt och an Zukunft 90.

Dernieft gëtt och d'Telefonéiere während dem Fueren mam Handy um Ouer méi streng bestrooft. D'Police kritt carrement d'Recht engem de Permis of ze huelen, wann een erwëscht gëtt.

Déi franséisch Regierung wëll och d'Foussgänger besser protegéieren. Dofir ginn och verschidden nei Mesuren imposéiert, sou zum Beispill, dass et keng Parkplazen no bei Zebra-Sträifen méi solle ginn. Donieft ginn och d'Strofe fir Automobilisten, déi engem Foussgänger d'Prioritéit net ginn, an d'Luucht gesat. Dem franséische Premier no kéinte mat dësen neie Mesuren all Joer tëscht 350 a 400 Mënscheliewen gerett ginn.

Am September war och hei am Land iwwer 80 op de Landstroossen diskutéiert ginn.

No engem mäerderesche Weekend mat 3 Doudegen op eise Stroossen hat d'Sécurité routière 80 gefuerdert, den ACL hat sech awer dogéint ausgeschwat.