Déi 3D-Zebrasträifen sinn hei am Land keng Optioun, seet d'Spriecherin vum Infrastrukturministère um Samschdeg am Wort.

Dat als Reaktioun op eng Iddi, déi d'Securité Routière virgeschloen hat, wat an engem RTL-Reportage um Freideg opgegraff gouf.

An der zoustänneger Aarbechtsgrupp ass driwwer geschat ginn, d'Iddi gouf awer net fir Lëtzebuerg zréckbehalen, sou d'Dany Frank. Et wär jo eng optesch Täuschung an dowéinst kéint et d'Leit och irritéieren. Déi 3D-Zebrasträife wären och just aus engem bestëmmte Bléckwénkel z'erkennen. Och gëtt dru gezweiwelt, ob déi Zort vu Faarf a Markéierung iwwerhaapt op eisem Stroossebelag hält.

Code de la Route

Et sief och nach emol drun erënnert, datt den Automobilist muss stoe bleiwen, wann e Foussgänger oder Vëlosfuerer bei engem Zebrasträife wëll eriwwer goen. Stoppt de Chauffer net, riskéiert en eng Strof vun 145 Euro a minus zwee Punkten um Führerschäin. Wann een um Zebrasträifen oder um Vëloswee stoe bleift, kascht dat och 49 Euro. Drop parke gëtt mat 74 Euro sanktionéiert.

Och d'Foussgänger musse sech natierlech och un de Code de la route halen. Si riskéieren 49 Euro, wa se bei Rout iwwer d'Strooss ginn oder en Zebrasträifen net benotzen, fir iwwer d'Strooss ze goen, dee manner wéi 30 Meter vun hinnen ewech ass.

RTL-Reportage iwwer Iddie fir Foussgänger (Freideg)

A leschter Zäit heefege sech also d'Accidenter mat Foussgänger. Besonnesch an de fréie Moiesstonnen an owes ginn ëmmer nees Foussgänger vun Autoen erfaasst. Als Reaktioun dorop gi sech vu Privatleit grad wéi och vun der Sécurité routière Gedanke gemaach iwwer verbessert Sécherheetsmesuren.

Nei Saachen am Sënn vu Sanktiounen oder Kontrollen oder eben neien Amenagementer. Sou gëtt et och eng Propos vu Bierger, déi sech wënschen, dass Zebrasträife besser beliicht ginn. Nieft enger permanenter Beliichtung vum Foussgängeriwwergang gëtt et och d’Iddi vu Luuchten, déi ee just uknipst, wann ee wëll iwwert d’Strooss goen.

D’Zebrasträifen u sech méi sécher gestalten ass eng Méiglechkeet, eng aner Léisung wier et d’Gefierer mat enger viischter Bremsluucht auszerëschten.

Déi viischt Bremsluucht kéint hei zu enger besserer Kommunikatioun tëscht Automobilist a Foussgänger bäidroen. Allerdéngs misst déi ganz Automobilindustrie mat implizéiert ginn, fir dës Iddi ëmzesetzen. Well dat kuerzfristeg éischter onwahrscheinlech ze realiséieren ass, wëll d’Sécurité Routière mol nach de Problem vun der Inflatioun vu Foussgängersträifen hei zu Lëtzebuerg ugoen.

VIDEO: Iddie fir Foussgänger ze schützen
Eleng am Dezember goufe ronn 20 Persounen op der Strooss ugestouss, zwee Mënsche ware souguer un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen.

Hiweiser fir Foussgänger

Fir selwer als Foussgänger zur Verkéierssécherheet bäizedroen, gëtt nach emol un d’Leit appelléiert, Bléckkontakt ze huelen, wa se d’Strooss kräizen. Se solle näischt an oder op den Oueren hunn, fir d’Autoen ze héieren a sech anescht undoen, also siichtbar maachen.