An den Top 3 sinn déi dräi grouss vun der Nordstrooss ze fannen, eréischt dann de Markusbierg-Tunnel vun der Saarautobunn. Déi sinn all méi wéi 1 km laang.

Grad zeréck vum Schifueren an der Fuesvakanz? An och duerch vill Tunnelle gefuer? A sech gefrot, wéi eng Tunnellen dann doheem déi längste sinn? Hei ass d'Äntwert: D'Nues vir hunn déi 3 Tunnelle vun der Nordstrooss, dann de Markusbiergtunnel, ma och soss gëtt et nach eng Partie laang Tunnellen - och ee matten an der Stad ...

Hei d'Top Ten vun 10 op 1, esou wéi mir se vun de Ponts & Chaussées (Merci!) matgedeelt kruten:

10. Pénétrante Sud (Rocade de Bonnevoie): 417 m
9. Howald: 456 m
8. Mersch: 530 m
7. Munneref: 584 m
6. Hëlleggeescht (Saint-Esprit): 639 m
5. Central Gate (Micheville): 735 m
4. Markusbierg: 1.575 m
3. Stafelter: 1.850 m
2. Gousselerbierg: 2.695 m
1. Grouft: 2.966 m

Nummer 2: Tunnel Gousseler / © Andy Brücker

No der Fuesvakanz ass fir vill Leit virun der Ouschter- oder Summervakanz:

Fir e weideren "Ranking", villäicht schonn den nächste Freideg, siche mir Hotellen, Chambre-d'hôten, Campingen etc, déi Lëtzebuerger a Frankräich, virun allem am Süden, awer net nëmmen do, hunn a wou ee sech vläicht eemol fir eng Vakanz oder um Wee an d'Vakanz aquartéiere kéint ...

Mir hunn der ewell e Grapp voll, ma wann Dir nach eng (schéin) Plaz wësst, da schreift eis: Feedback fir RTL.lu.

Merci am Viraus!