Den Automag op der Tëlee dauert elo eng hallef Stonn, leeft eemol de Mount an dat Sonndes um 19 Auer. Duerno an der Rediffusioun an am Replay op RTL.lu

A Lappland, bei -25 Grad, gouf den neie Subaru XV getest. De Bentley Flying Spur W12S, déi séierste Limousin op der Welt, huet et mam Zuch vun den CFL opgeholl a fir de Velar, deen neie Premium-SUV vu RangeRover, op Häerz an Nieren ze testen, ware mir bis op London, wou zoufällegerweis grad déi eelsten automobil Organisatioun "London to Brighton" gestart gouf.