Den Transportminister confirméiert, datt tëscht Groussbus an der Hierheck e weidere fixe Radar soll installéiert ginn.

Et kënnt ee weidere fixe Radar an zwar op de Léierhaff, tëscht Groussbus an der Hierheck. Den Transportminister François Bausch reagéiert domadder op eng Rei schlëmm Accidenter, déi do an de leschte Jore geschitt sinn. Nach d'lescht Woch war e jonke Mann bei engem Accident um Léierhaff ëm d'Liewe komm.

Ponts et Chaussées goufe virun e puer Deeg vum Minister dermadder beoptraagt, eng Rei Sécherheetsmesure laanscht d'Nationale 12 ëmzesetzen. Dat krute mer vum Nohaltegkeetsministère esou confirméiert.

Nieft dem Opriichte vun engem fixe Radar sollen och plazeweis Leitplanken um Léierhaff installéiert ginn.