Recettë fir 2017 leie bei 12,5 Milliounen €, Radar-tronçon kënnt d’nächst Joer

© RTL
Wéi vill Chauffeure waren ze séier? Wéi vill Sue koumen eran a wat kënnt nach an der Zukunft op d'Leit duer?
Zënter Mäerz 2016 sti se laanscht d'Lëtzebuerger Stroossen: déi gro fix Sailen an d'Camionnette mat de grénge mobille Këschten. Méi spéit koum nach e Radar-Remorque dobäi.
2017 war dat éischt Joer, wou wärend engem komplette Joer geblëtzt gouf. Wéi vill Chauffeure waren ze séier? Wéi vill Sue koumen eran a wat kënnt nach an der Zukunft op d'Leit duer?
Nondikass, d'Bréifkëscht opgespaart an do läit en, de Bréif vun der Police. Dee roude Blëtz war also awer fir mech.
Sou oder sou ähnlech dierft et zejoert ganz ville Chauffeure gaange sinn, méi ewéi 650 mol den Dag blëtzt et nämlech, 233'000 Avertissement taxés à 49€ waren et zejoert, 7000 mol waren 145€ an zwee Punkte fort. D'Recettë leie bei ronn 12,5 Milliounen, derbäi kommen nach déi manner heefeg Fäll, wou Chauffeure vill ze séier waren an d'Geriichter zoustänneg sinn.
Bei knapp 60% vun de geblëtzte Gefierer handelt et sech iwwerdeems ëm Ween, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn.
An 88% vun de Fäll gëtt an den Delaie bezuelt. Hei sief präziséiert, datt d'Prozeduren dëst Joer vereinfacht goufen. Zënter Mee 2018 gëtt et ënnert anerem d'Amende forfaitaire, wann net mat Zäite bezuelt gëtt.
Den absolut gréissten Deel vun de Verstéiss gëtt vun de fixe Sailen am Land constatéiert, et si ronn 85%. Déi aner Chauffeure gi vun de 6 mobille Radare gepëtzt, déi ëmmer op anere Plazen am Land postéiert ginn.
Da gëtt et nach de Radar-Remorque. Am Ufank war gesot, datt deen op geféierleche Chantiere géing an den Asaz kommen. An der Praxis steet en awer virun allem laanscht Landstroossen, dacks fir e puer Wochen um Stéck op enger Plaz, den Ament iwwregens op der N12 tëscht Groussbus an dem Léierhaff. Dee Radar blëtzt eréischt zënter Dezember 2017, dofir spillt deen an der Statistik fir dat Joer quasi keng Roll.
Wat déi fix Radaren ugeet, sou waren et der fir den Optakt am Mäerz 2016 10 Stéck, am selwechte Joer koumen der 10 derbäi, souwéi dat virgesi war. Nodréiglech goufen dann awer och nach Blëtz-Bornen installéiert, déi net geplangt waren. Dat war de Fall fir d'Liaisoun Micheville, fir d'Streck Miersch-Aangelsbierg, Brouch-Sëll an um Enn vun der Escher A4. E weidere Blëtzapparat um Léierhaff ass annoncéiert.De Ministère huet hei an de meeschte Fäll op een oder méi schlëmm Accidenter reagéiert, déi no bei deene Plaze geschitt sinn.
Schonn dat anert Joer soll zu Lëtzebuerg de Radar-tronçon agefouert ginn, dat huet den zoustännege Minister François Bausch rezent annoncéiert. Hei gëtt tëscht zwéi Punkte gemooss an d'Vitesse-moyenne iwwer eng méi laang Distanz gerechent, wien op där bestëmmter Streck ze séier war kritt Post.
Do géingen den Ament nach Etüde lafen an éischt Detailer sollen am Dezember beschwat ginn. Méi ass am Ministère den Ament nach net gewuer ze ginn.Dat selwecht gëllt fir Blëtzapparater, déi op roude Luuchte sollen installéiert ginn.