Weltwäit stierwen all Joer op de Stroossen 1,35 Millioune Leit duerch Verkéiersaccidenter.

An nëmmen 3 Joer ass d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen ëm ronn 100.000 geklommen. Da geet aus engem Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO ervir, deen op Donnéeën aus dem Joer 2016 baséiert.

Am leschte Rapport, den op d'Joer 2013 zeréck geet, war d'Zuel vun den Doudegen am Stroosseverkéier op 1,25 Millioune pro Joer geschat ginn.

Accidenter op de Stroosse sinn an tëscht déi heefegst Doudesursaach fir Kanner a jonk Leit am Alter tëscht 5 an 29 Joer. Dem Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun no, wieren des Doudesfäll als Präis fir d'Mobilitéit net ze acceptéieren.

An och wann d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen an d'Luucht gaangen ass, huet sech den Taux am Verglach zu der ëmmer méi héijer Weltpopulatioun an Autoen an de leschte Jore stabiliséiert. Dat géif drop hindeiten, dass d'Sécherheetsmesuren an de räiche Länner d'Situatioun verbesseren. Allerdéngs ass de Risiko vun déidlechen Accidenter am Stroosseverkéier an aarme Länner nach ëmmer dräi mol sou héich wéi a räiche Länner.