Den europäeschen Autosmarché verléiert weider u Vitess. Am November ass d'Zuel vun den neien Immatrikulatioune fir 3. Kéier hannerteneen zeréckgaangen.

D'Federatioun vun de Garagiste mécht déi nei europäesch Ofgas-Reegele fir de Réckgang verantwortlech.

Op ee Joer gekuckt, fält d'Differenz hei am Land besonnesch op. Mat 3.529 Umeldunge vun neien Autoen, notéiert Acea fir de Grand-Duché eng Baisse vun 19,5 Prozent bannent 12 Méint.

Méi e staarke Réckgäng gouf et just nach an Éisträich a Schweden.